Och zu Useldeng waren d'Schoulkanner um Dag vum Bam ënnerwee

D‘Primärschoulkanner zesumme mat de Gemengevertrieder haten de Spuert am Grapp bei der Bamplanzaktioun am Bongert zu Iewerleng an der Gemeng Useldeng. D’Kanner haten e risege Spaass dobaussen a sinn iwwert dem Schëppe gewuer ginn, datt z. B. déi sëllege Wierm ganz wichteg si fir de Buedem. Nëmmen heemesch Uebstbamzorten, wéi Äppel, Quidden, Quetschen, Kiischten oder déck Nëss, si fir de neie Bongert ausgewielt gi fir déi typesch Aartevillfalt bei eis ze erhalen Mat dëser Aktioun gëtt de Kanner gewisen, datt d’Erhale vun de Bongerte wichteg ass fir haut an d’Zukunft.


Mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng, de Proprietairen an dem Ëmweltministère kënnen dës wäertvoll Habitater an eiser Kulturlandschaft fir Mënsch an Déier weider erhale bleiwen.