CSV um Stroossemaart an der Staat 2011

D'Wieder hat dest Joer gudd mattgespillt, önnert strahlend bloem Himmel huet d'CSV aus der Staat Orangen un d'Leit verdélt, de Kanner Loftbäll opgeblosen an de Leit hier Doléancen entgéintgeholl.
Vill Leit hun guer nöt verstanen, firwat mir iwwerhapt do wären, a mir hun ons gefrot, wann mir d'Leit mol géifen an der Stross froen, wéivill der wéissten, dass am Oktober Gemengewahlen wären?
Een Här aus Deitschland huet ons erklärt, dass sein Hond 'Heaven' eigentlech én pedagogeschen Hond ass, dass en all Dach an d'Schoul geht, an sou d'Kanner léiert, mat Hönn emzegoen.
Besonnesch ergraff huet mech eng Madame, déi freiberufflech am Cent-Buttek hölleft, an déi öm Höllef rufen komm ass, t'géifen emmer méi Familljen op sie zreckgreifen. Sie braichten drechent Iessen, Duschgel, Séf, gudd Idéen.. . Um folgende Link kann én sech iwwert den Cent-Buttek informéiren: http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/2010/10/118342/cent-buttek-jetzt-auch-in-beggen.php
Den Cent-Buttek ass eng flott Sach, well sou können manner bemöttelt Familjen én Dél vun hierem Budget, dén normalerweis fir Iessen bestömmt war, op aneren Platzen asetzen, a sou hieren Kanner och mol eng Fréd machen, wéi z.Bsp. Kino, Bicher, etc...besonnesch: Bicher ;-)
PS:T'kann én och Sachen, déi én nöt méi brauch, do ofliwweren, sie sin fir Alles frou an dankbar!