Firwaat ginn ech – de Luciano Fratini - an d’POLITIK ...

Ganz einfach, ët geet dur mat deem Leerlauf vun eise Gesetzesgeber an Politiker, déi eis Problemer nët verstinn oder verstoe wëllen. All Mensch, deen duerch eng Krankheet oder een Akzident de Buedem ennert de Féiss verluer huet, soll geholef kréien, an eiser Gesellschaft di richteg Platz ze fannen! Dat as e fundamentalt Menscherecht! Mee dat erreeche mer nëmmen, wann eis (Behennerte-)Politik eng aner Philosophie adaptéiert.
Primär geet ëmmer em Suen! Fir mech kee Problem! Ech sinn e Sparfuchs, deen aus den Finanzen kënnt. Opgrond vu menger langjähreger Erfahrung kann ech weisen, wéi een Lëtzbuerg behënnertenfrëndlech mécht - ouni sech an zevill Onkäschten ze stierzen!
Mäin Ziel as – am Sënn vun eise behënnerte Matbierger - en zolitte Sockel, en zolitt Fundament! Dorop solle mer dann zesummen bauen!
Ech riichten mech elo un all di behënnert Persounen, déi an eisem Land vun 64 Associatiounen vertruede ginn - leider mat mäßegem Erfolleg. Mir all zesummen sin -/+ 6000 Leit am lëtzebuerger Land an mat eise Famille komme mir op 20000 Wähler! Also, mir sinn eng Muecht!
Irgendwéi schéngt déi Muecht awer nach ze schloofen... Ech bieden iech: Hëlleft mir w.e.g all dëse Ries wackereg ze machen! Zesummen, an nemmen zesummen, kënne mir eppes bewegen!
Fir eis aal Leit!
Fir d’Mammen mat den Kutschen!
Fir eis behennert Matbierger!
Fir d’ganz Gesellschaft vu Lëtzebuerg!
Hei e puur Beispiller, firwat mir d’Saach musse selwer an d’Hand huelen:
Hei ass ee Link vun engem Artikel, an deem eis léif VDL(DP)
http://www.mywort.lu/centre/4666509.html
vill Saache behaapten, déi absolutt nët wouer sinn!
Bei dëser Versammlung waren den Teid Stendebach an ech selwer dobäi.
Den Artikel geet un mat Behaaptungen, déi deelweis stëmmen: Jo, et sinn Trottoiren erofgesat ginn, et sinn akustesch Luchten opgebaut ginn...
Dëss Verännerungen sinn awer schon erëm sporadesch an irgendwou installéiert ginn. Dat huet d’VDL arrangéiert, well genau op deenen Platzen geschafft ginn ass. Wat d’Busse betrëfft, huet VDL schon 2003 behaapt, alles wär rollstull- an blannengerecht gebaut ginn – waat awer net stemmt!
No menger Aktioun mat RTL den 08 /05 /2011 hun ech bewisen, dat daat alles gelunn ass an dat sech vun 2003 un nët vill geännert huet.
Mir dréien eis am Krees an ët gët ëmmer erëm vun virun ungefangen. Am Artikel gët behaapt, et wär een Pilotprojekt amgaangen, awer schon erëm ouni di Betraffen ze froen, wat se iwwerhaapt brauchen!? Wa mir wëlle Sachen änneren, déi Stëmmen bréngen, da musse mir et fäerdeg bréngen, d’Leit ze iwwerzeeegen, dat mer dëss Verännerungen an denen nächste 6 Joer fir di aal Leit, fir d’Mammen mat den Kutschen an am Fong geholl fir JIDFEREEN mache wellen. Den Terme Jidfereen schléisst och eis benodeelegt behënnert Matbierger an, déi zu all humaner Gesellschaft gehéieren!
Ech fuerderen Intégratioun! Inklusioun! An eng gewëssen Autonomie! Fir eis Würde als Mënsch kënnen ze bewahren! Mir wëllen net méi laang vun “normale” Leit wéi onmündeg kleng domm Kanner behandelt a bevormund ginn, diskret gemobbt ginn!
Als Vetrieder vun de benodeelegte Persounen wäer ech stolz, wann ech dëse Message kéint ënnert d’Leit bréngen! Dat sinn Argumenter, zu deenen ech stinn!
A wann ech sollt – waat ech stark hoffen - genuch Stëmme kréien, fir an eiser Behënnertepolitik e Wuert matzeschwätzen, well ech mat vill Energie an Engagement versichen, Äer Zieler a meng Zieler ze verwierklechen! Nët nëmmen an der Theorie, mee och an der Praxis!
Léif Gréiss,
Luciano Fratini
(621 77 33 20)