Kiermes wéi fréier zu Stroossen

„KIERMES WÉI FRÉIER“
Ënnert deem Motto stoung de 4. November déi Stroossener Kiermes. Trotz Reen a Keelt hu ganz vill Leit de Wee op eis nostalgesch Kiermes fonnt. Grouss a kleng konnten sech dovunner iwwerzeegen, dass d’Leit sech och fréier op enger Kiermes konnten amuséieren, ouni déi riseg Spiller voller Technik an haarder Musek. Zu Stroosse gouf et ënner anerem eng Schëffsschaukel, wou een nach seng eege Muskelen huet missen ustrengen, oder Ballwerfen wou een an e grousse Mond huet missen treffen, an e „Pferdederby“, wou och Geschécklechkeet gefrot war (do haten souguer déi Erwuessen vill Spaass dobäi). Déi ganz Kleng konnten e puer Tier op 2 Karusseller mat léiwen Déieren dréien, oder och nach op engem klenge Kettekarussell. An dann däerf op sou enger Kiermes natierlech e „Spiegelkabinett“ och net feelen. Donieft hu lokal Veräiner, natierlech ëmmer mat engem passend dekoréierte Stand, mat Zockerwatt, gebrannte Nëss, Popcorn, ganz vill typesche Séissegkeeten a Gegrilltem, fir dat leiflecht Wuel gesuergt.
Op jidde Fall sinn déi Verantwortlech vun der Gemeng ganz frou iwwert dee groussen Zoulaf deen dës éischt „Nostalgiekiermes“ zu Stroosse kannt huet, an enger zweete Editioun d’nächst Joer steet näischt am Wee.

(texte: serv. relations pub. - photo: G. Clees)