D’Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng haten, den Dag no Niklosdag, déi grouss Éier a Freed, an hirem Sëtz an der aler Uespelter Schoul, dat éischt wëssenschaftlecht, biographescht Wierk iwwer de Péiter vun Uespelt virstellen ze kënnen.
Ze verdanken hu mer dëst Wierk dem Här Dokter David Kirt. Baséieren deet dat neit Buch „Peter von Aspelt. Ein spätmittelalterlicher Kirchenfürst zwischen Luxemburg, Böhmen und dem Reich“ op dem Här David Kirt senger Dokteraarbecht, déi fir d’Verëffentlechung speziell ugepasst an duerch Zesummenaarbecht mat dem Éditeur, dem Här Jean-Claude Müller, nach ausgebaut ginn ass.
Et waren dann och déi zwou genannte Persounen, déi hiren interesséierten Nolauschterer zu Uespelt en déifgräifenden Abléck an d’Buch, also a Liewen a Wierke vun dem Péíter vun Uespelt, ginn hunn. Nieft Gemengen- a Veräinsvertrieder hate mer de grousse Pleséier och den Här Ambassadeur Jean Faltz zu Uespelt ze begréissen. Den Här Faltz war bekanntlech Lëtzebuerger Ambassadeur zu Prag, wou och de Péiter vun Uespelt joerelaang als Kanzler gewierkt huet. Den Här Faltz huet donieft de ganz grousse Verdéngscht an alleréischter Rei deemools matgewierkt ze hunn un de Festivitéite fir de 700ste Joresdag vun dem Jang de Blanne sengem Bestiednes mat der Elisabeth vu Béimen an och dem 700ste Joresdag vun dem Jang de Blanne senger Kréinung zu Prag, zwee memorabel Événementer, mat deenen de Péiter vun Uespelt an aller enkster Verbindung steet.
Dat néit Buch iwwer de Péiter vun Uespelt ëmfaasst 376 Säiten a weist 117 Illustratiounen op. Wien et verpasst huet sech d’Buch selwer zu Uespelt ofzehuelen, dee ka sech et elo am Buchhandel besuergen oder direkt beim Éditeur bestellen. Et geet duer de Betrag vun 48.-€ (Präis a Porto) op de Konto IBAN LU96 1111 0168 6786 000 (vun den ‚Amis de l’Histoire – Luxembourg’) ze iwwerweisen, an Numm mat Adress unzeginn.