Generalversammlung mat Konferenz bei de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng.

Fir e Freideg, den 28 Mäerz 2014, lueden d’Geschichtsfrënn hir Memberen a Sympathisanten op en interessanten Owend an, dëst an der „Aler Gemeng“ zu Fréiseng, also op der Lëtzebuergerstrooss, just virun der grousser Kräizung. Hei presentéiert de Lucien Einsweiler um 20:00 Auer eng Konferenz iwwer déi al Landkoarten vu Lëtzebuerg. Well déi ‚al Gemeng’ och emol ‚al Schoul’ woar, ass an dësem Sall eng Lektioun zou Geographie a Kartographie also esou richteg op der Plaz. Virdrun, um 19:30, leeft fir eng kuerz hallef Stonn d’Generalversammlung vun de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng. No der Konferenz bleiwe mer dann nach fir e Gespréich an e Patt zesummen.