Konferenz bei de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng de 15 Mäerz 2013 zu Helleng.


De 15 Mäerz 2013 halen d’Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng hir Generalversammlung an dem Centre Polyvalent zu Helleng an der Crauthemerstrooss. Uschléissend, um 20.00 Auer, hält hei de Medievist David Kirt eng Konferenz iwwer d’weltlech, religiéis, sozial a wiertschaftlech Ëmwelt an dem 10° Joerhonnert. Déi Zäit also, wou den 18 Mai 963, d’Gräfin Uda, dem Grof Sigfrid seng Schwéiesch, dem Klouschter St. Maximäin vun Tréier, eng ganz generéis Schenkung gemaach huet. Zu deeër Schenkung hu gehéiert; déi véier Dierfer Uespelt, Fréiseng, Ievereng a Fëlschdref, eng ganz Kierch an zum Iwwerfloss och nach ee Wäibierg zu Präisch, sécher datt de Masswäin net soll ausgoen.

Jiidereen deen och nëmmen déi klengste Relatioun zu engem vun den Dierfer aus dem ieweschte Ganderdall huel, deen duerf dës regionalhistoresch eemoleg Konferenz op kee Fall verpassen. Et sief drun erënnert, datt den Här David Kirt, als eminente Kenner vum Péiter vun Uespelt a sengem Wierken, eis fir un zwee Joer eng famous Konferenz iwwer deen Uespleter a seng Zäit virgedroen hat. Also, DÉI Konferenz de 15 Mäerz um 20 Auer zu Helleng am Centre Polyvalent an der Crautemerstroos op kee Fall verpassen! D’Entrée ass fräi, a fir e Patt ass och gesuergt.

René Neyen