Dem Péiter vun Uspelt begéinen.

Jo, begéine kënnt dir dem Péiter vun Uespelt e Samschdeg de 7. Dezember 2013, tëschent 16 an 18 Auer, natierlech zu Uespelt, bei de Geschichtsfrënn an dem Centre Polyvalent an der Schoulstrooss.

Hei gëtt säi biographescht Buch: „Peter von Aspelt. Ein spätmittelalterlicher Kirchenfürst zwischen Luxemburg, Böhmen und dem Reich.“ geschriwwe vum Dr. David Kirt, verkaf.

En Abléck an dat wat am Buch mat sengen 376 Säiten alles ze liesen ass, dat vermëttelen eis an enger als Dialog virgestallter Konferenz den Auteur zesumme mat dem Éditeur, den Här Jean-Claude Müller. Niewebäi bemierkt, d’Buch weist och nach 117 Illustratiounen op, déi all eng besonnesch Ausso zum Péiter, senger Geschicht, an oft och zu Uespelt erëm spigelen.

Géint 17 Auer signéiert den Auteur säi Buch. Dir kënnt dat Buch, zesumme mat enger gefaalter Kaart [(60 x 45 cm) mat de Stammbeem vun de Kinnike vun 1273 bis 1439] zu Uespelt nach zu dem Promotiounspräis vun 40.- Euro kafen. Wien duerch de Virverkaf sech scho gléckleche Besëtzer vum Buch kann nennen, deen ass natierlech ower och nach ëmmer e gär gesinne Gaascht an der Konferenz, beim Signéiere vun dem Buch, an och an der Ausstellung, an ofschléissend beim Patt, alles zum Nulltarif.

D’Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng weisen Iech an enger klenger Ausstellung zum Péiter vun Uespelt eng Rei vu Bicher, fir unzepaken, an och nach etlech aner Stécker, net fir onbedéngt unzepaken, an dann awer nach eng original Mënz vum Péiter als Bëschof vu Basel, vun deenen et der net esou vill gëtt.

Dir sid alleguerten häerzlech op Uespelt agelueden, et wier ee Pleséier zesummen d’Erënnerungen un de Péiter vun Uespelt e bëssen austauschen ze kënnen.