Bekanntlech haten d’Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng en Donneschdeg, den 10 Mäerz, op Uespelt, an de Kultursall vum Centre Polyvalent, op hier Generalversammlung mat uschléissender Konferenz vum Dr. D. Kirt agelueden.
Erausgepickt aus dem Aktivitéitsbericht vun dem President, dem Här René Raus, sief blouss den Hiwäis op dee ganz groussen Erfolleg vum Veräinsmember Serge Frantzen sengem d’läscht Joer publizéierte Buch «Aspelt im Krieg 1940– 1945». Dëst Buch baséiert op den Zäitzeieberichter vun esou enger Dosen Uespelter Leit, a beschreift hir batter Erliefnesser am zweete Weltkrich. Fir dëst Buch woar d’Nofro esou grouss, datt a kierzter Zäit, zum Nodeel vu ville Leit, ower och nett méi een Eenzegt iwwereg bliwwen ass. De President wënscht dem Auteur Mutt an Ausdauer fir aus dem villen nodréiglech gesammelten Informatiounsmaterial vläicht nach en zweet Buch zesummen ze stellen.
De Veräinskeessier, awer soss och nach Buergermeeschter vun der Gemeng Fréiseng, den Här Claude Wiltzius, presentéiert niewent sengem Keessebericht awer och nach, op Nofro vun dem President vun de Geschichtsfrënn, en Iwwerbléck op déi momentan Situatioun vun Oarbechten a Perspektive fir d’Uespelter Schlass. Nodeem d’Schlassannexen elo no Reparatur respektiv Neibau vun den Diech esou wäit stabiliséiert sinn, lafen d’Virbereedunge fir un déi éischt Phase vun der Sanéierung vun dem Schlass selwer eru goen ze kënnen. Och wann et nach wäit bis dohinner dierft sinn, ower Plangen iwwer méiglech Verwennunge vum Schlasskomplex ginn trotzdem scho gesponnen a si kondenséiere sech ëm kulturell a sozio-assoziativ Virstellungen.
Als kréinenden Ofschloss vun dëser Versammlung kruten duerno déi vill Gäscht eng Konferenz presentéiert. Geschwat huet den Här David Kirt, dee viru kuerzer Zäit seng Doktoratsoarbecht iwwer de Péiter vun Uespelt matt Erfolleg ofgeschloss huet, an dofir jo och de richtege Mann op der richteger Plaz woar, fir zu Uespelt iwwer de Peiter vun Uespelt ze schwätzen. Esou kruten dann och d’Nolauschterer an enger geraafter awer gutt verständlecher, duerch d’Projektioun vun Zäitdokumenter, illustréierter Duerstellung e méi déiwen Abléck a munnech eng vun de fachleche Kompetenze vun deem Multitalent an och an eng Rei vu verschiddene Virgäng an Evenementer aus senger Zäit, wou hie vu Basel, Mainz oder Prag aus dran implizéiert woar. A wann een da vum Conférencier bewise kritt wéi de Péiter matt Poopst a Keeser, genau esou wéi matt Kinneken a Fürsten aus verschiddene Länner traktéiert huet, da läit et einfach op der Hand, datt hien eng wierklech europäesch Gréisst gewiescht muss sinn. Duerch Schrëft a bildlech Duerstellung ass de Péiter, an dat net nëmmen hei am Land, op Grond vu senger deemoleger Ausstralung och haut nach voll op der Tapéit. Och wier et deemno eng wierklech Kréinung, wa fir hien, deen als Biergerlechen ënner elauter Adlege gewierkt huet, och an deem Duerf, vun deem hien de Numm gedroen huet, nët nëmmen duerch e Stroossennumm, fir eng permanent illustrativ Erënnerung, déi sech weise léisst, gesuergt giff ginn.
Ofschléissend dréckt de President vun de Geschichtsfrënn, dëst och am Numm vum Buergermeeschter, de Wonsch aus, datt de Conférencier nach méi oft zu Uespelt säi Wëssen iwwer de Péiter vun Uespelt ënner d’Leit soll bréngen.