Chrëchtconcert vun der Schenger Musek

Virun de Feierdeeg huet d'Schenger Musek nees traditionell hire Chrëschtconcert presentéiert. An der Kierch zu Bech-Maacher huet fir d'éischt d'Schenger Jugendmusek e puer Stécker zum Beschte ginn an dono huet d'Schenger Musek selwer nach e puer chrëschtlech Stécker gespillt. Dono ass de flotten Owend bei engem Patt op en Enn gaangen.