D'Schenger Musek kuckt op en erfollegräicht Joer zréck


Och dëst Joer konnt d’Schenger Musek op hirer Generalversammlung eng positiv Bilanz zeien. D'Musek déi leschten Oktober seng 20 Joer feiere konnt, kann op eng gutt Jugendaarbecht zréck kucken. De President Josy Koch huet d'Engagement vun de Jonken, déi de gréissten Deel vum musikaleschen Ensembel ausmaachen, ausdrécklech gelueft. Donieft huet en ënnerstrach, wat fir en zäitlechen Opwand et bedeit sech an engem Veräin z'engagéieren, well nieft de sëlleche Manifestatiounen a Conzerten och nach all Woch eng Prouf um Programm stinn. Dofir ass e grousse Merci un all d'Musikanten, awer och un d'Elteren oder d'Partnere gaangen, déi dat Engagement erméiglechen.

45 Memberen, Vertrieder vun der UGDA an der Gemeng ware bei der Generalversammlung derbäi. De Buergermeeschter Michel Gloden huet d'Engagement vun der Musek gelueft an ënnerstrach wéi wichteg eng Musek ass, fir d'Gemengeliewen ze verschéineren.

Fir e Veräin ass natierlech och d'Kollegialitéit an d'Stëmmung an der Grupp ganz wichteg. Fir dozou bäizedroen an och als Merci fir d'Engagementer war d'Musek lescht Joer e puer Deeg op en Ausfluch, mat ënnert anerem engem Besuch an engem Fräizäitpark. Als nächst sti fir d'Schenger Musek de Gala-Concert den 28. Abrëll an d'Grillfest de Päischt-Weekend um Programm.