De Club Des Jeunes Remerschen feiert 50 Joer

1969 gegrënnt, huet den CJR des Joer e ronne Gebuertsdag gefeiert. Ronn 120 Persoune waren op Schengen an den Domaine Henri Ruppert komm, fir zréck ze kucken, al Geschichten auszetauschen an op d'Zukunft vum Club ze prosten, deen elo scho 50 Joer laang d'Gemengeliewe beräichert. An och an Zukunft wëll de Club mat sengem Engagement weider fueren: D'Chrëchtbamaktioun, bei der fir e gudden Zweck, déi al Chrëschtbeem agesammelt ginn, de Kënns de Bal, de bekannte Fuesbal Musel am Duse a villes méi.


Well eng Feier ëmmer e gudde Moment eppes zréck ze ginn, huet de Club Des Jeunes Remerschen der Associatioun ZAK - Zesummen Aktiv, e Scheck iwwer 2500 Euro Iwwerrescht. ZAK wëll Mënsche mat Behënnerung, mat Mënschen ouni Behënnerung zesumme feieren, fir datt sech do eventuell Frëndschaften entwéckele kennen. Dofir gi sportlech an och kulturell Aktivitéiten organiséiert.