Esou lues awer sécher nees Normalitéit

D’Schenger Musek hat nees op hir Generalversammlung invitéiert fir op déi lescht Saison zréck ze kucken, eng Saison, déi no der Pandemie, virun allem nees vun enger gewësser Normalitéit gekennzeechent war. Just de Cabaret-Owend, “Getuddels a Gespruddels” huet wéinst der onsécherer Lag ronderëm de Coronavirus, 2022, ofgesot ginn. Dëst Joer konnt de Cabaret awer zum Gléck nees statt fannen.

Fir de President Josy Koch war et da nach ganz wichteg, jidderengem, dee sech fir d’Schenger Musek iwwert d’Joer engagéiert huet, Merci ze soen. D’Corona-Pandemie war, wéi fir esou vill Veräiner och fir d’Schenger Musek keng einfach Zäit, dofir ass d’Engagement vu jidderengem eenzele ganz wichteg.

D’Schenger Musek wäert sech dann an Zukunft och méi a Saache Klima engagéieren, an huet de Klima-Pakt vun der Gemeng Schengen ënnerschriwwen.