D'Schenger Musek mat engem musikalesch Hommage u Groussbritannien

De Brexit ass jo schonn zanter Méint ee vun den Top-Themen an Europa. Dowéinst huet sech d'Schenger Musek des Joer geduecht, dat Thema musikalesch opzeschaffen. Bei hirem Galaconcert ënnert der Leedung vum Nadine Billa, stoungen t britesch Komponisten oder Kënschtler, wéi Edward Elgar, Adele oder d'Beatles um Programm. Mat ST. Patrick Dances, war awer och e klengen Ofstiecher bis an Irland mat derbäi.

Den Optakt vum Owend huet wéi gewinnt d'Schenger Jugendmusek gemaach, éier dann d'Schenger Musek selwer d'Bühn am Centre Maus Ketti zu Biermereng iwwerholl huet.