Traditioun muss sinn

Och dëst Joer huet sech d'Schenger Musek nees am Bësch vu Wëntreng getraff fir de Meekranz ze maachen. Eng gutt Méiglechkeet och nieft de Prouwen an de Concerten, eng flott Zäit zesummen ze verbréngen. Dernieft ass et natierlech och flott, dës Traditioun um Liewen z'erhalen an un déi nächst Generatioune weider ze ginn.