D'Amicale aus dem LTPEM op Visitt vum Musée Henri Tudor zu Rouspert.

Viru kuerzem war d’Amicale vun de fréieren Schüler aus dem Emile Metz op Visitt am Musée Henri Tudor. Eise Guide, de Peters Jos, fréiere Schüler aus dem Institut an Member vun der Amicale, huet eis iwwert d’Famill Tudor informéiert. Wéi goung dat, datt dem Henri Tudor seng Virfaren, déi eigentlech Experten an der Landwirtschaft waren, aus Wales op Rouspert koumen?

En Deel vum herrlech renovéierten Schlass, wat haut Gemengebüroe sinn, konnte mir besichen. An der Ausstellung hu mir d’Evolutioun vun de Akkuen erkläert kritt, wéi den Henri Tudor op Aarbechten vu Virgänger säin och wirtschaftlechen brauchbaren Akku entwéckelt huet. Bemierkenswäert ass ze soen, datt seng Akkuen am Zeppelin an, an den däitschen U-Booter am 1. Weltkrich agebaut waren. Déi éischt Uertschaft hei am Land mat enger Stroossebeliichtung war 1886 Iechternach. Si war domat eng vun den éischten Uertschaften weltwäit.

Ausserdeem goufen Leit vu Rouspert an aus der Emgéigend an verschidden Handwierksberuffer ausgebilt, déi vir Hierstellung vun den Akkuen gebraucht waren. Also quasi eng Léierbud fir déi gebrauchten Beruffer. Eng grouss Sozialoder hat den Henri Tudor. Seng Aarbechter, déi vill mat Bläi am Kontakt waren, hu missen bei der Aarbecht Masken droen. Emol pro Woch kruten si hiert Schaffgezei gewäsch. Fir Niklosdag hunn d’Kanner am Duerf eng gutt gefëllten Tut kritt.

1902 fiert den Henri Tudor mat senger Famill an engem Elektroauto de selbstverständlech vun Tudor Akkuen gedriwwe gouf. Den Henri Tudor ass den 31. Mee 1928 am Alter vun 69 Joer un enger Bläivergëftung gestuerwen. Hien gouf am Familljegraf zu Rouspert bäigesat.

Eng interessant Visitt mat villen Facetten wéi Famill, Recherche, Aarbecht an sozial Firmegrënnung. All dës interessant Detailer konnt eise Guide eis mat vill Kënnen a Wëssen vermëttelen. Et kann een nëmmen all déi privat Leit, Gemeng, Ministèren, d’europäesch Institutiounen, déi sech mat vill Engagement an finanziell beim Opbau vum Musée engagéiert hunn, felicitéieren. Si hunn domat sécherlech zum Erhalen vun eisem Patrimoine Industriell een grousse Beitrag geleescht.