Diplomiwwerreechung am LPEM vun der 1GIN an 1TPMG den 13. Juli 2020

Well d’Wieder et erlabt huet an d’Corona-Pandemie et erwënscht huet, wor d’Iplomiwwerreechung am Schoulhaff. Insgesamt krute 16 Schüler hieren 1ières Diplom. 9 vunn 12 Schüler op der 1GIN an 8 vunn 8 Schüler op der 1TPMG. Dovunner 5 ”mention bien” bei der 1GIN an 1 ”mention bien” bei der 1TPMG

An enger klenger Usproch huet den Direkter Theo Thill den Effort souwuel vunn de Schüler awer och dee vunn den Enseignanten an dëser besonnescher Zäit ervirgestrach. D’Elterevereenegung an d’Amicale sinn net onnerwähnt bliwwen. Bei hierem Diplom kruten d’Schüler e Cadeau vun der Schoul, ee vun der Eletervereenegung an e Buch iwwert 100 Joer Emile Metz vun der Amicale (et sinn der nach e puer do!).

Mat deem neidege ”social distancing” sinn duerno bei engem Patt an engem klenge Maufel di sozial Kontakter gepflegt ginn. Mir wënschen de Schüler nach vill Erfolleg an hierem wieder Liewen an hoffen deen Een oder Aaneren fläicht an der Amicale erëm ze gesinn.