Generalversammlung vun de fréieren Schüler aus dem Emile Metz

Nei jonk Comité-Memberen sinn weiderhin häerzlech wëllkomm

En Mëttwoch den 22. Januar huet d’Amicale aus dem LTPEM seng Generalversammlung am Restaurant vun der Schoul ofgehalen. No der Begréissung vun de Memberen, dem Direkter Théo Thill, der Mme Martine Berchem Directrice-Adjointe, de Vertrieder vun de Scouten an Elterevereenegung, duerch de President Fons Bressanutti gouf mat enger Gedenkminutt un all verstuerwe Member geduecht. De President huet sech iwwert Presenz vun ville Leit, an hei besonnesch vun och méi jonken fréieren Schüler, gefreet.

Duerno ass de President, den och Sekretär ass, nach eng Kéier op déi verschidden Aktivitéiten aus dem leschte Joer agaange. Uschléissend huet de Caissier Néckel Laux säi Rapport virgedroe. Dëse gouf vun der Versammlung ugeholl.

Bei de Wale fir de Comité goufe folgend austrieden Memberen, Biever Jean, Kirsch Siggy, Krier Edmond, Streff Marco, Thill Roger, duerch Klappen vun der Assemblée an hirem Amt bestätegt ginn.

Bei den Aktivitéiten fir 2020 gouf Folgendes festgehale. :

* den 21.03.20 si mir erëm bei der klenger P.O. vun 13.00 bis 17.00 Auer mat dem Cremant-Stand derbäi.

* ebenfalls den 16.05.20 si mir op der grousser P.O. mam Eisekuch-Stand mat aktiv.

* Am Fréijoer ass eng Visitt vun de Raschpëtzer zu Walfer programméiert

* Am Hierscht ass eng Visitt vum Waassertuerm am Ban de Gasperich virgesinn.

Nom Schlusswuert vum President, gouf Versammlung mat engem gemittlechen,vum Kach excellent preparéierten, Iessen ofgeschloss.