D'Amicale aus dem LTPEM op Visitt am Science - Center.

Viru kuerzem hat d'Amicale vun de fréiere Schüler aus dem Lycée Technique Privé Emile Metz (LTPEM) op eng Visitt vum Science - Center zu Déifferdeng invitéiert. Am Ufank gouf vun engem Responsabel de Science - Center presentéiert. Duerno hu mir eng Visitt libre vun der Exploratioun gemaach. Hei konnt jiddwer eenzelen u 60 Experimentéier - Statiounen, zum Deel mat Touchsceen, selwer fuerschen. Duerno war eng Show iwwert d'Elektro z.B. Tesla-Spull mat deenen impressionnante Blëtzer. An der Mechanik war d'Virféierung iwwert "Schiefe Ebene". Interessant war de Modell vum Weltraum wou Gravitatioun an Ebbe a Flut erkläert goufen. Als lescht Show ware mer an der "Schmëdd". Munch Erënnerungen aus der Léierzäit sinn an dësem Mëtteg opgefrëscht ginn. Et war eng interessant a léierräich Visitt.