Nei jonk Comités-Memberen sinn häerzlech wëllkomm

Generalversammlung vun de fréieren Schüler aus dem Emile Metz


En Donneschdeg den 17. Januar huet d’Amicale aus dem LTPEM seng Generalversammlung am Restaurant vun der Schoul ofgehalen. No der Begréissung vun de Memberen, der Mme Martine Berchem Directrice-Adjointe , dem Éierendirekter René Tissier, de Vertrieder vun de Scouten, dem CoCu an Elterevereenegung, duerch de President Fons Bressanutti gouf mat enger Gedenkminutt un all verstuerwe Member geduecht. De President huet sech iwwert Presenz vun ville Leit, an hei besonnesch vun och méi jonken fréieren Schüler, gefreet.

Duerno ass de President, den och Sekräter ass, nach eng Kéierop déi verschidden Aktivitéiten aus dem leschte Joer agaange. Uschléissend huet de Caissier Néckel Laux säi Rapport virgedroe. Dëse gouf vun der Versammlung ugeholl.

Bei de Wale fir de Comité goufe folgend austrieden Memberen Bressanutti Alphose, Costantini Tessy,Kohn Jean-Jacques Laux Nicolas, Ley Luc, Scheid Daniel, duerch Klappen vun der Assemblée an hirem Amt bestätegt ginn. Als neie Member am Comité gouf de Weber Eric gewielt.

Bei den Aktivitéiten fir 2019 gouf Folgendes festgehale. :

* den 23.03.19 si mir erëm bei der klenger P.O. vun 13.00 bis 17.00 Auer mat dem Cremant-Stand derbäi.

* ebenfalls den 11.05.19 si mir op der grousser P.O. mam Eisekuch-Stand mat aktiv.

* Am Fréijoer ass eng Visitt vun de Raschpëtzer zu Walfer programméiert

* Am Hierscht ass och eng Visitt vum Krichsmusée zu Baaschtnech virgesinn.

Als Ofschloss invitéiert Mme Berchem Martine d’Leit op d'Porte ouverte, well et vill Neiegkeeten an der Technik ginn. Si seet der Amicale villmools Merci fir hier Aarbecht a wënscht hir nach vill Succès fir 2019.

Nom Schlusswuert vum President, gouf Versammlung mat engem gemittlechen,vum Kach excellent preparéierten, Iessen ofgeschloss