D’Amicale LTPEM op Visitt am War Museum zu Baaschtnech

Viru Kuerzem war d’Amicale vun de fréiere Schüler aus dem Emile Metz am War Museum zu Baaschtnech. Dëse Musée befaasst sech mat der Geschicht aus dem 2. Weltkrich an der Belsch vum September 1939 bis an den Hiecht/Wanter 1944 mat Schwéierpunkt, wéi mir zu Lëtzebuerg soen, d’Rundstedtoffensiv. Wéi e roude Fuedem zéien sech Erliefnisser aus dëser Zäit, vun engem amerikaneschen an engem däitschen Zaldot, enger Léierin en engem Schüler vun Baaschtnech duerch déi ganz Ausstellung.

Dréi multisensoriell Inzenéierungen zitt de Visiteur an eng realistesch Erfarung. Eng éischt Zeen weist d’Alliéierten am Haaptquartier 1944 a Südengland. Déi zweet si mir um Rand an engem Ardennerbësch, den och am Éislek kennt sinn. Hei erliewe mir Krichszeenen. Bei déier drëtte ass de Visiteur an engem Café an duerno am Keller an dobaussen explodéieren Granaten. Dekoren, Liewensgeschichten Multimedia-Installatiounen a Filmer erënneren dem Visiteur dës schrecklech Period mat dem Wonsch, dass dës Zäit ni méi soll erëmkommen.

Eng ganz interessant Visitt déi ze recommandéieren ass, z. B. och fir Schüler bei deenen den zweeten Weltkrich an der Geschicht um Programm steet.