Rommelsfest zu Beidler

Rommelstaart, Rommelsdrëpp, Rommelliqueur, Romellszopp a weider Spezialitéiten huet de Joël Wolff mat senger Ekipp e Sonndeg bei herrlechem Spéitsummerwieder zu Beidler bei der Radiosstatioun presentéiert.
Um Grill gouwen et di summerlech Leckereien, en exzellenten Goulasch mat Rommelszooss war als Menü proposéiert gin.
Fir Kanneranimatioun war gesuergt, genee wéi fir d'Wiel vun der Rommelskinnegin an dem Rommelskinnék. No verschidden Aufgaben - wéi Rommelfannen a Rommelwerfen - hun sech d'Laurence Schmit vu Beidler an de Benoît Ochs den Titel geséchert.
Bis an de spéiden Owend eran hun d'Leit bei gudder Laun di lescht Sonnenstrahlen genoss.
Den Erléis vum Fest ass fir den Tricentenaire.