Gëllen Hochzäit vu Charles Wagner an Anita Ecker vun der Bollendrëffer-Bréck

Den 22. Dezember 2025 waren et 50 Joer dat sech de Charles Wagner an d’Anita Ecker zu Péiteng op der Gemeng d’Jo-Wuert ginn hunn.

Déi éischt Jore vun hirem Bestietnes hu Sie, privat a berufflech, an der Minettsgéigend verbruecht bis Sie 1993 vu Rodange ob Dillingen wunne gaange sinn. Hei hu Sie e gréissert Gebai an e Motel ëmgebaut an dee bis zur Pensioun gefouert. De Charles ass e passionéierten Handwierker an huet villes selwer gemaach, wärend d’Anita gäre gekacht huet.

No engem kuerze Wunnengswiessel an d’Grenzgebitt, si Sie am September 2020 op d’Bollendrëffer-Bréck an d’Gruusswiss geplënnert, wou Sie haut nach liewen.

De Charles an d’Anita sinn Eltere vun zwéi Bouwen a och schonns zweemol Bop a Bom.

De Schäfferot huet sech eng Éier doraus gemaach, der sympathescher Koppel fir hire 50. Hochzäitsdag am Numm vun alle Bierger vun der Gemeng, déi beschte Gléckwënsch ze iwwerbréngen.