D'Amicale Pompjeeën Préizerdaul mat neien aktiven Jugendlichen
um weitere Bilder zu sehen.
1. Meefeier mat Generalversammlung
Préizerdaul: Am Virfeld vun hirer desjähriger Generalversammlung, huet d’Amicale vun de Pompjeeën Préizerdaul um Dag vum 1. Mee traditiounsgeméiss de Meekranz, gerëscht mat frëschem Laf, fir duerno um Emblem vun de Pompjeeën bei hirem Bau zu Platen opzehänken. No desem Event sin Memberen zesumme komm, fir un der 176. Joereshaaptversammlung deelzehuelen. No sengen Wierder vu Wëllkomm , huet de President Paul Janssen drop gehaalen, fir jidderengem Merci ze soen, fir di gut Zesummenarbecht bei allen Manifestatiounen déi vum Veräin mat der Jugendmannschaft am Laaf vum Joer zu engem groussen Erfolleg beigedroen hun. Ganz frou war de President iwert den Tun Clausse an den Pol Seidel, zwéin nei aktiv Jugendlicher déi dem Veräin am Laaf vum Joer bäigetruede sin. Duerno huet de Sekretär Karsten Küpper di vill Aktiviéiten, wi Buergbrennen mat Fâlkelzug, Fëschbâken, der Kirmeshâm niewend verschidden Ausgäng an der Gemeng an doriwer hinaus, Komitésitzungen, a Versammlungen, Revue passéiere geloos. Aus dem detailléiertem Finanzbericht vum Anne- Marie Faber war ze bemierken dat d’Amicale trotz Ausgaben vun ëmmerhin 29 800 Euro, dorënner e Scheck vun 5 000 euro nach ëmmer gutt opgestallt ass. Di exakt Buchführung vum Jos Bormann an Charel Reiser ass och als einwandfrei bestätigt gin. Ouni Kommentar si sämtlich Beiträg och gutgeheescht gin. Beim Punkt Verschiddenes koumen och interessant Propositiounen an Iddien zur Sproch, déi och vum Komitee mat vill Interessi zur Kenntnis geholl gi sin. Mat engem gudden Teller gefëllt mat Spezialéitéiten vum Grill, huet desen Dag a flotter Komerodschaft säin würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)