Dauler Fiederball nennt säin traditionellen Fréijoers-Tournoi Gene Bindels

500 Euro Scheck fir ALGSC weidergin.

Préizerdaul: De Comité vum Dauler Fiederball a.s.b.l. deen ëmmerhin seng Aktivitéiten iwwer méi ewéi 25 Joer entwéckelt huet, ass de 27. Juni 2022 vun der traureger Noriicht iwwerrascht ginn, datt hiren laangjähregen an treie Clubmember a Clubsekretär, den Här Gene Bindels stënterlech verstuerwen ass.

De ganze Comité war sech séier eens, dass de Gene geéiert sollt ginn, an een a sengem Numm een Tournoi misst organiséieren. Dësen ass dann och zu Platen an der Sportshal de Samschden, de 04. Mäerz 2023 gespillt ginn, wou net manner wéi 21 Equippen Erwuessener sech spannend Matcher am Double geliwwert hunn. Moies haten och 7 Jugendspiller d’Chance sech an der Eenzel-Kategorie ze beweisen.

An der Mëttesstonn gouf et déi traditionnell Spaghettien, wou och Spectateuren wëllkomm waren.

De Comité wousst Bescheed, datt den Gene schonns an der Vergaangenheet Häerzproblemer hat, hien huet dat awer mat enger gesonder Liewensweis, mat kengem Gramm Fett a vill Sport a Schach gehalen. Ausserdem war hie Member an der ALGSC, der Association Luxembourgeoise des Groupes Sportifs pour Cardiaques a.s.b.l.

Duerfir huet de Comité sech och entschloss, fir der ALGSC déi komplett Recetten vum catering vum Tournoi ze spenden, an d’Geld gëtt bei d’Uschafung vun engem Défibrilator bäigeluecht.

D’Bild weist d’Chequeiwwerreechung vun ganze 500€ un d’Hären Claude Vandivinit an Roger Muller, Memberen vun der ALGSC.

Een décke Merci gouf et och vum President Théo Ney, wéi all Joer, un d’Préizerdauler Gemeng fir d’Verfügbarkeet vun der Sportshal souwéi un de Fotograf fir d’Publikatioun. (TN) (Foto: Charel Reiser)