Kiermesham an Danz Musik bei der Amicale Pompjeeën Préizerdaul
10
Bildergalerie
Bitte scrollen Sie nach unten,
um weitere Bilder zu sehen.
um weitere Bilder zu sehen.
Fir d’Duerfliewen op der Kiermes am Préizerdaul nees opzeliewen, huet sech d’Amicale Pompjeeën Préizerdaul di läscht Joeren och derzou entscheed, e Bal wéi fréier am centre culturel ze organiséieren. Vill Matbierger aus der Gemeng hun sech bei der Geleeënheet den Teller Kiermesham mat Fritten an Zalôt och gut schmaache gelooss. Duerno fir den Dessert stongen eng Taass Kaffi mat engem Stéck Taart um Menü vum Owend. Mat flotter Danzmusik mam Orchester Solo Mio huet di Dauler Kiermes 2025 a gudder Gesellschaft a flotter Ambiance bis fréih an de Moien hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) /Foto: Charles Reiser)