Gemeinschaftsconcert vun der Menster an der Ouljer Musek

Viru kuerzem hun déi zwee Museksveräiner aus der Gemeng Betzder op hire gemeinschaftleche Summerconcert an de Syrkus zu Rued-Sir invitéiert. Ënnert der Leedung vun hirem Dirigent Ansis Nikolovskis huet d’Menster Musek de Concert mat Wierker vun Johann Strauss, Andrew Lloyd Webber a Michael Jackson agestëmmt. De Marc Garson, Chef vun der Ouljer Musek huet doropshin d’Baguette iwwerholl fir d’Publikum mat Stécker wéi ënner anerem "Disney Film Favorites" an "Blues Brothers Revue" a Stëmmung ze versetzen. No enger kuerzer Paus war et dunn un de Jugendensembelen vun deenen zwee Veräiner fir hiert Kënnen ënnert Beweis ze stellen. Héichpunkt vum Concert war  de gemeinschaftlechen Optrëtt vun deenen zwee Museksveräiner zesumme mat hirer Jugend. En imposanten Ensembel vu 60 Läit huet eng meeschterhaft Interpretatioun vun "Coldplay Classics », "Don’t Stop Me Now"(Freddie Mercury) an "Spirit of the Heartland”(Ed Buckley) virgedroen. 180 begeeschtert Nolauschterer hun et net bereit bei grousser Hëtzt an de Syrkus komm ze sinn. De Gemeinschaftsconcert fir dat nächst Joer ass scho virprogramméiert.