Generalversammlung mat Auszeechnungen bei der Ouljer Musek

Den 20. Mäerz hat de Comité vun der Ouljer Musek op hier Generalversammlung fir d’Geschäftsjoer 2021 an de Kulturzentrum zu Ouljen agelueden. A Presenz vu 60 Membere konnt de President Jo Steffes d’Vertrieder vun der Betzder Gemeng dorënner den éischte Schäffe Marc Ries, d’Schäffe Sylvette Schmit-Weigel , de Gemengerot Jim Meisch souwéi d‘Éierepresidente Raymond Lepasch a Paul Meyers begréissen. Insgesamt zielt d’Ouljer Musek 41 aktiv Memberen, dorënner 14 Jugendmusikanten. Den Aktivitéitsrapport vum Sekretär beschreift, bedéngt duerch d’Corona Situatioun, eng reduzéiert Aktivitéit. Trotzdeem huet de Veräin et fäerdeg bruecht mat Succès e flotten Duerfconcert, e Blummeverkaaf, e Vizfest an e Chrëschtconcert ënnert dem CovidCheck Regime ze organiséieren. D’Tresorière Sandra Weyer-Hall huet en nobäi ausgeglachene Bilan vum ofgelafene Joer presentéiert. D’Keesereviseurin Michèle Biel konnt der Versammlung eng mustergülteg Comptabilitéit an eng gesond finanziell Situatioun vum Veräin bestätegen an huet d’Entlaaschtung virgeschloen. Den Dirigent Marc Garson huet sech bei de Musikanten an dem Comité fir déi gutt Ënnerstëtzung wärend dem schwierege Joer bedankt, an huet eng ofwiesslungsräich Saison mat engem interessante musikalesche Programm an Aussicht gestallt. Den éischte Schäffe Marc Ries huet den héije Stellewäert vun der Kultur am Gemengeliewen ervirgehuewen, an de Veräinsmemberen fir hire Beitrag an hier spontan Asazbereetschaft Merci gesot. D’Transformatiouns- a Vergréisserungsaarbechten vum Proufsall op der „Al Millen“ missten an deenen nächste Wochen ofgeschloss ginn.

Folgend UGDA Medailen sinn uschléissend vun der Vizepresidentin Sandra Goedert -Mesenburg verdeelt ginn:
Insigne: Lynn Goedert. Médaille de mérite en bronze: Sandra Goedert-Mesenburg, Paul Kieffer. Médaille de mérite en argent: Jim Meisch. Médaille de mérite en vermeil : Monique Czerwinski, Rita Elcheroth. Medaille de mérite en vermeil avec palmette : Sandra Weyer-Hall. Médaille de mérite en vermeil Grand-Duc Adolphe : Steffes Pierre, Steffes Remy.

D’Ouljer Musek huet folgend Auszeechnungen u verdéngschtvoll Membere verdeelt.

10 Joer Ouljer Musek : Bourscheid Romain, Goedert Sandra, Isabelle Hall, Sandra Weyer-Hall, Tom Goedert, Paul Kieffer.

35 Joer Ouljer Musek : Michèle Weiland-Biel.

Zum Ofschloss vun der Versammlung waren d’Memberen op e Patt an e gudde Maufel invitéiert.