Medaileverdeelung a Spendenaktioun bei der Ouljer Musek.

Den 12.Januar hat d‘Ouljer Musek op hier Generalversammlung an de Kulturzentrum vun Ouljen agelueden. A Presenz vun 80 Membere konnt de President Raymond Lepasch d’Vertrieder vun der Betzder Gemeng an den UGDA Delegéierten Joe Heintzen begréissen. Insgesamt zielt d’Ouljer Musek 41 aktiv Memberen, dorënner 11 Jugendmusikanten. Den Aktivitéitsrapport vun 2018 war gutt gefëllt, mat 19 musikaleschen Optrëtter, souwéi der Organisatioun vun 7 weidere Manifestatiounen. D’Tresorière Sandra Weyer-Hall konnt e Bilan mat engem excellente Resultat virleeën.

Folgend Auszeechnunge sinn vum UGDA Vertrieder verdeelt ginn:

Goedert Claire a Steffes Mil - insigne 5 Joer

Girst Mathis - médaille de mérite en bronze 10 Joer

Meisch Liss a Louis Ravinger - médaille de mérite en argent 20 Joer

Waldbillig Steve - médailee de mérite en vermeil 30 Joer

Brück-Greif Christiane a Bourscheid Romain - médaille de mérite en vermeil avec palmette 40 Joer.

Zousätzlech Auszeechnungen fir verdëngschtvoll Joeren am Veräin :

Diane Steffes – 35 Joer

Zum Ofschloss vun der Versammlung konnt de President den Erléis vum Chrëschtconcert 2019 un de Paschtouer Guy Diederich iwwerreechen. De Betrag vun 1.500 € geet un d’Hëllefsaktioun vum Parverband Musel a Syr an Zesummenaarbecht mat Chrëschten am Sahel "Hëllef fir Jugendlecher am Burkino Faso“.