Spendenaktioun vun der Ouljer Musek

Den 18. Dezember 2022 hat d’Ouljer Musek op hiren traditionelle Chrëschtconcert invitéiert, deen dëst Joer an der Kierch zu Rued-Syr gespillt ginn ass, a wéi all Joer mat enger Kollekt verbonne war. No engem gutt besichte Concert konnten net manner ewéi 1.800.-€ u Spendegelder agesammelt ginn. Den Erléis geet un d’Hëllefsaktioun vum Parverband Musel a Syr zu Gonschten "Hëllef fir Mënschen am Burkina Faso". Bei Geleeënheet vun hirer Generalversammlung vum 22.Januar huet d’Ouljer Musek sech gefreet dem Här Paschtouer Guy Diederich den Erléis a Form vun engem Scheck ze iwwerreechen.