Generalversammlung vun der Ouljer Musek mat Medaillen Iwwerreechung.

Den 22. Januar hat d’Ouljer Musek op hir uerdentlech Generalversammlung am Centre Culturel zu Ouljen Invitéiert. Nieft den 81 Memberen déi sech afonnt hunn, konnt de President Jo Steffes de Buergermeeschter Jean-François Wirtz, d‘Scheffen Sylvette Schmit-Weigel, an d’Conseilleren Fernande Klares a Jim Meisch vun der Betzder Gemeng begréissen. Obwuel de Start an d’Joer 2022 déi éischt zwee Méint nach duerch d‘Pandemie gepräägt war, konnt de Sekretär e gutt gefëllten Aktivitéitsprogramm virleeën, mat net manner ewéi 11 Concerten, donieft eng Marche Gourmande, e Vizfest an och den traditionelle Blummemaart, deen all Joer zesumme mam Gaart & Heem organiséiert gëtt. D’Tresorière Sandra Weyer-Hall konnt hirersäits e stolze Keeserapport mat engem méi wéi zefriddestellenden Ofschloss presentéieren. D’UGDA Vertriederin Arlette Wagner-Heitz huet sech gefreet fir uschléissend Medailen u folgend Musikanten ze verdeelen: Nik Steffes 5 Joer (Insigne), Robin Braun 10 Joer (médaille de mérite en bronze), Chris Fandel 20 Joer (médaille de mérite en argent), Jo Steffes 40 Joer (médaille de mérite en vermeil avec palmette) a Raymond Schroeder 50 Joer (médaille en argent Grand-Duc Adolphe). Nieft dëse Medailen gouf et dann och nach Veräinsauszeechnungen u verdéngschtvoll Memberen : Robin Braun 10 Joer, Louis Ravinger 10 Joer an Steve Elcheroth 35 Joer.

No enger kuerzer Usprooch vum Buergermeeschter mat engem interessanten Ausbléck op lafend an zukünfteg Projeten vun der Gemeng, war et dunn um President Jo Steffes fir mat enger Ofschlossried d’Versammlung opzehiewen an d’Invitéeën op e Patt an e Maufel ze invitéieren.