Auszeechnungen a Spendenaktioun bei der Ouljer Musek.

Den 21.Januar hat d‘Ouljer Musek op hier Generalversammlung an de Kulturzentrum vun Ouljen agelueden. A Presenz vu 76 Membere konnt de President Jo Steffes d’Schäffe Sylvette Schmit-Weigel a Marie-Claire Ruppert, d’Conseilleeën Fernande Klares, Jim Meisch, Olafsur Sigurdsson an Hugo Da Costa, d’Vertriederin vun der UGDA d‘Mme Arlette Wagner-Heitz an d’Éierepresidente Raymond Lepasch a Paul Meyers begréissen.

Insgesamt zielt d’Ouljer Musek 44 aktiv Memberen, dorënner 12 Jugendmusikanten. Den Aktivitéitsrapport vun 2024 war gutt gefëllt, mat net manner ewéi 12 musikaleschen Optrëtter, souwéi der Organisatioun vun 8 lokale Manifestatiounen. D’Tresorière Sandra Weyer-Hall konnt e Bilan mat engem excellente Resultat virleeën.

Follgend Auszeechnungen si vun UGDA Vertriederin verdeelt ginn:

Maya Olafsdottir - médaille de mérite en bronze 10 Joer

Isabelle Hall - médaille de mérite en vermeil avec palmette 40Joer.

Gläichzäiteg ass och den Dirigent Marc Garson geéiert ginn, deen elo schonn 10 Joer mat Erfolleg d’Dirigentepult bei der Ouljer Musek besetzt.

Zum Ofschloss vun der Versammlung konnt de President de Scheck mam Erléis vum Chrëschtconcert 2023 iwwerreechen. De Betrag vun 2.500 € geet un d’Amicale vum Institut Saint Joseph Betzdorf. Stellvertriedend fir d’Amicale bedanken seng Memberen Fabien a Christiane Brück sech beim Veräin fir dës generéis Ënnerstëtzung déi et hinnen erméiglecht vill interessant Projeten ze verwierklechen.