Spendenaktioun vun der Ouljer Musek

Bei Geleeënheet vun hirer Generalversammlung den 23.Mäerz, konnt d’Ouljer Musek den Erléis vun der Kollekt vum Chrëschtconcert 2021, zousätzlech engem Don aus der Veräinskeess, fir d’Hëllefsaktioun vun der Par Musel a Syr spendéieren. D’Hëllefsaktioun an Zesummenaarbecht mat Partage.lu ënnerstëtzt noutleidend Mënschen am Kenia. Ziel vum Projet ass et d’Ernierungssécherheet vum Turkanavollek am Nordweste vum Kenia, eng vun den äermste Géigenden am Land, ze verbesseren an d’Léit vun Nahrungsmëttelhëllef onofhängeg ze maachen.

D’Vizepresidentin Sandra Goedert-Mesenburg freet sech dem Här Paschtouer Guy Diederich, Stellvertrieder vun der Par Musel a Syr, e Scheck an Héicht vun 1.200.-€ ze iwwerreechen.