Generalversammlung 2023 vun de „Widdebierger 50+“

Dëst Jahr waren mir frou, ons Generalversammlung ouni Aschränkungen ofhalen ze kënnen. Benevole Memberen haten de Sall schéi gerëscht an Equipe an der Kichen ( ouni de Superchef Gilbert) hunn alles ginn, fir ons ee gutt Mëttegiessen ze zerwéieren. „D´Maria Greis als Präsidentin war frou esouvill Memberen begréissen ze kënnen an huet allen e gudden Appetit gewënscht.

Duerno huet Marie-Rose Sturm Generalversammlung geleet. E neie Member, d´Gritty Gengler gouf per Akklamation an de Comité opgeholl. Si ass scho lang eng gudd Hellef.d´Marie-Rose huet dei verschidden Aktiviteiten vun 2022 opgezielt a war zefridden mat denen ville Memberen dei emmer

present waren: Mammendagsfeier, Pappendag, Summeriessen zu Betzder, am Hierscht Éierung vun der Memberen mat engem héijen Gebuertsdag, Chrëschtfeier, an net e vergiessen e flotten Ausflug an d´Staat. De Caissier hat eng liicht Charge mat sengem Rapport, well alles huet gutt geklappt.

Fir d´Jahr 2023 sinn och en etlech Rendezvous am Plang.Mat engem decken Merci u jiddereen den dësen Nomëtteg verschéinert huet maache mir ons op den Heemwee.