90. Gebuertsdag vum Conrad-Mangen Vicky vu Bollendorf-Bréck

De leschten 22. Dezember huet d’Conrad-Mangen Victorine genannt Vicky vu der Bollendreffer-Bréck am Krees vu senger Famill säin 90. Gebuertsdag gefeiert. Gebuer 1928 Préizerdaul als eent vun 11 Kanner huet et d’Vicky op d’Bollendreffer-Bréck verschloen, wou hat am Dezember 1956 mam Conrad Léon, deemolege Schäffen an der Bäertrëffer Gemeng, bestuet ginn ass. Hei wunnen si zënterhier zesummen an hirem Haus an der Grusswiss. Trotz hirem Alter a munch gesondheetleche Réckschléi bewältegen si hiren Alldag nach selbstänneg a mat vill Courage an der Ënnerstëtzung vun hiren dräi Bouwen, dräi Enkelinnen an neierdéngs enger klenger Urenkelin. De Schäfferot huet et sech net huele gelooss dem Vicky fir seng 90 Joer déi beschte Gléckwënsch vun der Gemeng ze iwwerbréngen.