De Conrad Léo vun der Bollendreffer-Bréck feiert seng 90 Joer

De leschten 27. August huet de Conrad Léo vun der Bollendreffer-Bréck säin 90. Gebuertsdag gefeiert.

Gebuer 1929 op der Bollendreffer-Bréck als eent vun 4 Kanner huet de Léo hei praktesch säin gesamt Léiwen verbruecht. Wéinst enger Ustellung am Bauteministere déi un de Wunnsëtz gebonne war, huet hien just missen vun 1978 bis zur Pensioun 1991 d‘Woch iwwer an der Stad wunne bleiwen. Besonnesch déi Joren während dem 2. Weltkrich ware schwéier fir d ‘Famill well hei e Brudder vum Leo em d ‘Léiwe komm ass. Fir d’Undenken un d’Affer vum Naziregime oprecht ze erhalen war de Léo laang Zäit an der “Amicale des enrôlés de force, victimes du nazisme” vun Iechternach als aktive Member engagéiert.

Den 22. Dezember 1956 huet de Léo d’Vicky Mangen aus dem Préizerdaul bestuet. Dräi Kanner, dräi Enkelkanner an een Urenkelkand sënn hiren ganze Stolz. Konnte si sech laang Zäit enger gudder Gesondheet erfreeën, ass et déi lescht Zäit méi schwéier fir si ginn am Heemechtshaus eleng eens ze ginn. Duerfir hunn si am Juli vun dësem Joer décidéiert sech am Hospice Civil, dem fréiere Spidol, zu Iechternach en Zëmmer ze huelen.

De Léo war ëmmer um politesche Léiwen interesséiert. Entweder als laangjärege Member vun der demokratescher Partei um nationalen Niveau, awer besonnesch ob lokalem Plang als Member vum Bäertrëffer Gemengerot, dat als Schäffen vun 1964 bis 1978 a vun 1997 bis 2005 souwéi als Conseiller vun 1994 bis 1996, wou hien als Vertrieder vun der fréierer Sektioun Bollendreffer-Bréck aktiv war.

Den aktuelle Schäfferot huet et sech aus deem Grond net huele gelooss op Iechternach an d‘Spidol ze fueren, an dem Léo fir seng 90 Joer déi beschte Gléckwënsch vun der Gemeng an hire Bierger ze iwwerbréngen.