Gëllen Hochzäit vum Giuliano Silvestrini an dem Andrée Meyers vu Bollendorf-Pont

De viregten 15. Oktober waren et 50 Joer hier, dat sech de Giuliano Silvestrini an d’Andrée Meyers zu Biwer op der Gemeng bestuet hunn No der Hochzäit hunn si am Heemechtshaus vum Andrée an der Buddelerbaach gewunnt, wat awer eng laang Zäit zu Buddeler gehéiert huet. Am Joer 2014 hunn si hiert Haus verkaaft an sënn zesummen an en Appartement op Bollendrëfferbréck an d’Gruusswiss wunnen gaangen, wou si sech ganz wuel fillen. Si hunn awer nach e gudd Verhältnis mam neie Propriétaire vun hirem fréieren Haus, a kennen all Moment do laanscht goen.

Aus dem Bestietnes sinn e Meedchen an e Jong souwéi véier Enkelkanner ervirgaangen.

De Schäfferot huet et sech natierlech net huele gelooss, der sympathescher Koppel fir hire 50. Hochzäitsdag am Numm vun alle Bierger vun der Gemeng, déi beschte Gléckwënsch ze iwwerbréngen.