Gelongenen Ofschloss ier et den Hierscht rëm lass geet

Als Ofschloss virum Summercongé organiséiert de Club Haus op der Heed een Treff ënnert dem Motto „aktiv ënnerwee mat gemittlechem Ofschloss“. Do hunn sech bal 70 Leit aus deenen verschidden Gruppen getraff fir no deenen verschiddenen Aktivitéiten wéi: wanderen, spadséieren, Vëlo fueren an Schach oder Rummikub spillen, zesummen ze grillen an ee Patt ze drénken. Dëst war eng flott Méiglechkeet, datt Leit sech ënnerteneen kenneléieren, sech erëmgesinn an Zäit hunn fir sech an engem gemittlechen Kader mateneen auszetauschen. D’Equipe vum Club hutt sech gefreet dësen Dag nach méi Leit wéi déi zwee Joer virdrun zu Boxer am Veräinssall begréissen ze kënnen. De Club „Haus op der Heed“ bitt villfälteg Weiderbildungsméiglechkeeten fir jiddereen un. Nieft Informatiounsveranstaltungen, Konferenzen an Couren an de Beräicher Allgemengbildung, Gesondheet, Natur an Nohaltegkeet, Kultur, Kreativitéit an Medien, treffen sech regelméisseg Gruppen vum Club fir zesummen ze wanderen, ze spadséieren, Schach oder Rummikub ze spillen, op Ausflich oder mateneen iessen ze goen.