Calmus: Bei gudder Gesondheet an och gut gelaunt konnt den Ady Muller vu Calmus säin 85. Gebuertdag viru kuurzem Doheem och feieren. De Jubilar huet den 5. Juni 1940 als den zweetjëngsten vun 3 Kanner zu Eech d’Liicht vun der Welt erbléckt. Seng Elteren waren den Ernest Muller vu Calmus an Tonia Lentz vu Kalborn. Den 27. Abrël 1968 ass Hochzäit gefeiert gin mam Milly Schwebach vu Platen. Aus hirem Bestiednis sin dräi Meedercher erviergaangen. Haut zielt d’Famill Muller- Schwebach véier Enkel- an zwee Urenkelkanner. Den Ady Muller huet zesummen mat senger Fra, de Bauerebetriib zu Calmus bis 2002 gefouert. Och de Landmaschinenhandel war fir hien eng Genugtuung wou hien vill Baueren di eng oder aaner Maschin konnt verkaafen. Leider ass seng léiw Fra Milly den 8. Abrël 2014 verstuerwen. Seng Fräizäit genéisst de Jubilar deelweis gaeren Doheem an och mat Frënn beim Kaartespill. Am Kader vun enger agreabler Gebuertsdagsfeier war et un denen zwéin Schëffen Léo Loutsch an Tom Staus a begleedung vum Konseillier Marc Fisch, fir dem Ady Muller mat enger gut gefëllter Corbeille di allerbäscht Gléckwënsch zum 85. Gebuertsdag am Numm vun der Gemeng Sëll iwerbrëngen ze dierfen. Zesummen mat der Famill ass a flotter Gesellschaft, d’Glas erhuewe gin an op weider gesond an zefridden Joeren geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)