Scheckiwwerreechungen bei den “Amis de la Cerisaie”

Mat vill Freed sinn den 30. Mäerz 2017 de kierzlech gegrënnten “Amis de la Cerisaie” vun Duelem dräi Schecken an enger Gesamthéicht vun 1.580 Euro iwwerreecht ginn.

Während engem lëschtegen Service-Duell, deen den 6. Mee 2016 an der Duelemer Stuff tëscht de Schäfferéit vun de Gemengen Duelem a Munneref stattfonnt huet, sinn 250 Euro gesammelt ginn. Dëse Scheck ass vun der Proprietairin aus der Duelemer Stuff Christiane Hoss iwwerreecht ginn.

Op Initiativ vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng Duelem war den 13. Mee 2016 e flotte Concert mat der Chorale Sängerfreed Beetebuerg organiséiert ginn. D’Chorale Sängerfreed Beetebuerg huet bei dëser Geleeënheet op hier Gage verzicht, an déi bei dësem Concert gesammelt 718 Euro vun hirem President Lucien Einsweiler un d’Amis de la Cerisaie iwwerreeche gelooss.

Déi selwecht Kulturkommissioun huet den 10. November 2016 e Concert mam Ural Kosaken Chor organiséiert, bei där Geleeënheet sinn 612 Euro gesammelt ginn. Dëse Montant ass vum Duelemer Buergermeeschter a President vun der Kulturkommissioun Jos Heisbourg iwwerreecht ginn.

D’Presidentin Tessy Frantz-Hengers huet am Numm vum Comité een häerzleche Merci fir déi vill Donen ausgeschwat.