D'Amicale aus dem LTPEM op Visite an d'Europaparlament zu Bréissel.

Den 14. Abrëll war d'Amicale vun de fréiere Schüler aus dem LTPEM op Invitatioun vun hirem Member a fréiere Schüler, dem Europadeputéierten Georges Bach, op Visite an d‘Europaparlament zu Bréissel. No der frëndlecher Begréissung vum Georges senger Assistentin Maryse Kelsen, stoung eng Visite vum Plenarsall um Programm. Duerno kruten mir vum CSV-Deputéierten eng Erklärung iwwert de Fonctionnement vum Europaparlament. Hei goung de Georges besonnesch op seng Aarbecht an de Komissiounen Transport, Soziales an Aarbecht an. Mir kruten e ganz gudden Abléck an déi oft schwiereg a laangwiereg Prozesser vun enger "Proposition de Loi" bis zum fäerdegem Gesetz.
Duerno huet de Georges op e gemeinsamt Mëttegiessen am "Restaurant des Députés" invitéiert.
Als Ofschloss vun engem gelongen Dag stoung nach am Nomëtteg eng Visite vu Bréissel um Programm.