Eng Journée des Anciens am Oktober fir all fréier Schüler aus dem LTPEM

Generalversammlung vun der Amicale des Anciens élèves

Virun kuerzem huet d’Amicale vun den fréieren Schüler aus dem LTPEM hier Generalversammlung ofgehalen. De President huet no der Begréissung vum Direkter, Éierendirekter, Vertrieder vun den Scouten an der Elteren, - ob déi enk Verbonnenheet vun der Amicale mat der Schoul higewisen. Uschléissend freet de President eng Gedenkminutt fir un all eis verstuerwen Memberen ze denken. Hien bedankt sech och bei de Memberen vum Comité fir hir Mataarbecht.
Duerno huet de Sekretär den Aktivitéitsbericht vum leschte Joer virgedroen. Hei gouf besonnesch op d‘Visite vum Europaparlament vu Bréissel an dem Center de Tri vun der Post higewisen. De Trésorier deem säi Bericht , deen mat engem klenge Boni ofgeschloss huet, krut duerno Decharge vu den Keesserevisoren an der Assemblée.
Bei der Neiwahl vum Comité huet d‘Laurence Seyler seng Demissioun wéinst Zäitmangel agereecht, a gouf duerch den Edmond Krier ersat. De President sot dem Laurence Merci vir seng wäertvoll Aarbecht, an huet him dofir e Cadeau iwwerreecht.
Wat d’Aktivitéiten fir 2016 betrëfft, sou ass hei besonnesch op d’Visite vum Cargo-Center um Findel an op d’Journée des Anciens higewise ginn. Bei der leschter Journée des Anciens ass nämlech de Wonsch geäussert ginn sou eng Journée méi oft ze organiséieren. Vill fréier Schüler hunn deemools och bedauert, dass si näischt vun dëser Journée des Anciens woussten. Heimat ass dann och all fréieren Schüler aus dem Emile Metz häerzlech den 22.10.2016 invitéiert.

Sidd Dir net Member an der Amicale, da schéckt eis är Adresse fir weider Informatiounen un
Amicale LTPEM
7, rue de Marche
L-2125 Luxembourg
Email: amicale@amicale-ltpem.lu

D‘Schlusswuert vum Direkter Thill Théo, deen der Amicale fir hiren Asaatz Merci seet, an hofft dat mir och weiderhin esou aktiv weidermaachen.
Als Ofschloss vun der Versammlung gouf et a kalen Buffet, den wei ëmmer vum Kach aus der Schoul zur vollsten Zefriddenheet preparéiert war.