Generalversammlung vun de fréiere Schüler aus dem LTPEM

En Donneschdeg den 22. Januar huet d’Amicale aus dem LTPEM seng Generalversammlung am Restaurant vun der Schoul ofgehalen. No der Begréissung vun de Memberen, vum Direkter Théo Thill, der Directrice-Adjointe Martine Berchem vum Éierendirekter René Tissier,vun de Vertrieder Loups Blancs, Comité Culturel an Elterevereenegung, duerch de President Fons Bressanutti gouf mat enger Gedenkminutt un all verstuerwe Member geduecht.

Duerno sinn Rapporten vun Sekretär Fons Bressanutti a vum Caissier Néckel Laux virgedroe ginn. D’Versammlung huet déi 2 Rapporten ugeholl.

D’Memberen Bressanutti Alphonse, Costantini-Conter Tessy, Laux Nicolas an Scheid Dan sin duerch Klappen vun der Assemblée an hirem Amt als erëmgewielten Memberen bestätegt gin. Zwou nei Kandidaturen louchen och vir: de Kohn Jacques an Weber Jules (dee leider net konnt present sin) sin och per Acclamatioun an de Comité opgeholl gin.

Aktivitéiten 2015 : Esou wéi mir d’läscht Joer op Stroossbuerg d’Parlament besiche waren, esou as dest Joer den 14. Abrël d’Visite vum Europaparlament zu Bréissel geplangt.
Desweideren as och virgesin, Bunkeren besichen ze goen, ënnert aanerem deen bei Irrel hannert Iechternach. De Streff Marco bekëmmert sech dorëm a weider Detailler kommen nach no.

Den Direkter Théo Thill seet der Amicale villmols Merci fir hier Ennerstëtzung besonnesch dest Joer bei all den Aktivitéiten vun der 100 Joerfeier. Déi wären ouni eis Hëllef net esou gutt gelaf, z.B. d’Séance Académique war e groussen Succès em deen eis vill Schoulen beneiden. Berouegt fillt den Här Thill sech och, well hien jo elo héieren huet, dass mir erëm bei de P.O. aktiv matmaachen.


Nom Schlusswuert vum President, gouf Versammlung mat engem gemittlechen Iessen ofgeschloss.