Generalversammlung vun den fréieren Schüler aus dem LTPEM

En Donneschdeg den 18. Januar huet d’Amicale aus dem LTPEM seng Generalversammlung am Restaurant vun der Schoul ofgehalen. No der Begréissung vun de Memberen, dem Direkter Théo Thill, dem  Éierendirekter René Tissier, de Vertrieder vun de Scouten an Elterevereenegung, duerch de President Fons Bressanutti gouf mat enger Gedenkminutt un all verstuerwe Member geduecht. De President huet sech iwwert  Presenz vun ville Leit, an hei besonnesch vun och méi jonken fréieren Schüler, gefreet.


Duerno ass de President nach eng Kéier op déi verschidden Aktivitéiten aus dem leschte Joer agaange. Uschléissend huet de Caissier Néckel Laux säi Rapport virgedroe. Dëse gouf vun der Versammlung ugeholl.

Bei de Wale fir de Comité goufe folgend austrieden Memberen Biever Jean, Kirsch Siggy, Krier Edmond, Streff Marco, Thill Roger, Unsen Jim, duerch Klappen vun der Assemblée an hirem Amt bestätegt ginn.


Bei den Aktivitéiten fir 2018 gouf Folgendes festgehale. :

* den 17.03.18 si mir erëm bei der klenger P.O. vun 13.00 bis 17.00 Auer mat dem Cremant-Stand derbäi.

* ebenfalls den 5.05.18 si mir op der grousser P.O. mam Eisekuch-Stand mat aktiv.

* Den 21.Abrëll 2018 ass um 15.00 h eng Visite vum Theater programméiert

* Am 2. Semester ass och eng Visite geplangt, mee bis elo ass d’Confirmatioun nach net ukomm.


Als Ofschloss invitéiert Direkter Thill Theo d’Leit op d‘Porte ouverte, well et vill Neiegkeeten an der Technik ginn, z.B. 3D-Printer. Hien seet der Amicale villmools Merci fir hier Aarbecht a wënscht hir nach vill Succès fir 2018.

Nom Schlusswuert vum President, gouf Versammlung mat engem gemittlechen,vum Kach excellent preparéierten, Iessen ofgeschloss