Virbereedung op den Aarbechtsmaart am LTPEM

Mëttwochs den 2. Abrëll, gouf vum Lycée Technique Privé Emile Metz, mat der Zesummenaarbecht vun der Amicale des Anciens Élèves, e Seminaire iwwert Virbereedung op an Virstellungsgespréich, fir sämtlech Schüler vun den Ofschlossklassen organiséiert. Zu dësem Zweck hat d’Schoul den Här Jean-Pierre Dahm fréiere Mataarbechter vun der ADEM an Expert an der Matière invitéiert.
Moies gouf et méi theoretesch Informatiounen iwwert den Antrëtt an d’Beruffsliewen wéi, den haitegem Aarbechtsmaart, Curriculum vitae, Aarbechtskontrakt, asw. Duerno goung et em Virstellungsgespréich an zwar wéi bereeden ech mech vir, an wéi behuelen ech mech während dem Gespréich.
Am Nomëtteg goufen Gruppenaarbechten a Form vun fiktiven Interviewen vum Här Dahm duerchgefouert. Duerno ass dann eng Analys vun dësen Interviewen gemaach ginn.