Virbereedung op den Aarbechtsmaart am LTPEM

Donneschdes den 29. Mäerz, huet d’Amicale des Anciens Élèves aus dem Lycée Technique Privé Emile Metz, an Zesummenaarbecht mat der Direktioun vun der Schoul, e Seminaire iwwert Virbereedung op an Virstellungsgespréich, fir sämtlech Schüler vun den Ofschlossklassen organiséiert. Zu dësem Zweck hat d’Amicale den Här Jean-Pierre Dahm fréiere Mataarbechter vun der ADEM an Expert an der Matière invitéiert.
Moies gouf et méi theoretesch Informatiounen iwwert den Antrëtt an d’Beruffsliewen wéi, den heitegen Aarbechtsmaart, Curriculum vitae, Aarbechtskontrakt, asw. Duerno goung et em Virstellungsgespréich an zwar wéi bereeden ech mech vir, an wéi behuelen ech mech während dem Gespréich.
Am Nomëtteg goufen Gruppenaarbechten a Form vun fiktiven Interviewen vum Här Dahm duerchgefouert. Duerno ass dann eng Analys vun dësen Interviewen gemaach ginn. Zum Ofschloss kruten d’Schüler en Aide-mémoire mat prakteschen Informatiounen fir den Antrëtt an d’Beruffsliewen.