Visite vum Cargocenter

D’Amicale vun de fréieren Schüler aus dem LTPEM, war virun kuerzem op Visite am Cargocenter um Findel. Des Visite gouf op Invitatioun vun eisem fréieren Schüler Dan Conrardy, an Responsabelen vum Departement Sécherheet, duerch gefouert.
No dem obligatoreschen Sécherheetscheck, sinn mir mam Bus iwwert den Airfield bei den Cargocenter gefuer. Heibäi kruten mir déi verschidden Installatiounen vun der Cargolux, Luxair, Airrescue, ziviler Aviatioun Pompjeeën an Tankinstallatiounen erklärt.
Am Cargocenter huet eis den Här Henrion duerch déi verschidden Departementer vum Cargocenter gefouert. Bis zu 900000 Tonnen Fracht ginn hei pro Joer per Flieger oder Camion duerch ganz Welt verschéckt . Den Center ass eng vun de gréissten Loftfahrt-Plattformen aus ganz Europa. Hei gëtt et quasi näischt wat net kann transportéiert ginn. Mir konnten eis och vun den ganz héichen Sécherheets-Standarden iwwerzeegen. Ganz impressionant war och wéi hei an nëmmen 2 Stonnen, jeeweils 100 Tonnen Fracht aus enger Boing 747 entlueden, a vir den nächste Vol gelueden ginn. Dëst geschitt och nach no engem ganz detailléierte Plang, an ënnert strengsten Sécherheetsvirschrëften.
No 3 Stonnen goung eng Visite, déi sécherlech jiddereen staark impressionéiert huet, op en Enn.