Visite vum Europaparlament zu Stroossbuerg

Als Groupe vun 30 Memberen vun der Amicale aus dem LTPEM hunn mir, op d'Invitatioun vun eisem fréieren Schüler an haitegem Europaparlamentarier Georges Bach, Donneschdes den 17. Abrëll d'Europaparlament zu Stroossbuerg besicht. Den Här Bach an seng zwou charmant Assistentinnen hunn eis während der Visite déi néideg Informatioune ginn. Duerno kruten mir vum Här Bach detailléiert Informatiounen, iwwert seng Aarbecht an den Komissiounen an am Parlament. No dësen Informatiounen stoung eng Visite vum Plenarsall um Programm. Hei hunn Parlamentarier, iwwerrenns an hirer leschter Sëtzung virun de Wahlen, iwwert eng helle Wull vun Gesetzestexter ofgestëmmt. An der Mëttespaus hat den Här Bach op en wonnerbart Iessen mat Diskussioun am Restaurant vum Parlament invitéiert. Am Nomëtteg stoung eng Visite vun der schéiner Alstad vu Stroossbuerg um Programm. Et war eng ganz gelongen Visite, an et gouf de Wonsch geäussert och eng Visite vum Parlament zu Bréissel, an dat hoffentlech nees op d'Invitatioun vum Här Bach, ze organiséieren.