Visitt vum groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg


D’Amicale vun den fréieren Schüler aus dem LTPEM hat invitéiert


Viru kuerzem hat d’Amicale vun den Anciens élèves aus dem LTPEM op eng Visitt vum groussen Theater invitéiert. Am Ufank gouf et, vun eisem Guide, en geschichtleche Réckbleck iwwert déi fënnef Joer Bauzäit an d‘Ouverture am Joer 1964. Och eng wärend de Joren 2002 an 2003 néideg Renovatioun goufen ernimmt.

Uschléissend goung et an de grousse Sall mat Platz fir knapp 1000 Persounen, duerno an de Studio wou bis zu 400 Persounen Platz fannen. An béide Säll gouf et Informatiounen iwwert de Fonctionnement vun den techneschen Anlage wéi, Beliichtungstechnik, optimal Akustik an déi ganz streng Sécherheetsvirschrëften. Duerno goung et ee Stack méi déif. Do krute mir déi néideg Informatiounen iwwert déi versenkbar Biedem. Hei kann een a kuerzer Zäit ganz Bühnebiller, Orchester a Persounen optauchen a verschwanne loossen. Och an dësem Deel gëllen natierlech strengste Sécherheetsvirschrëften.

Zum Ofschloss goufen nach den Theaterfundus an déi hauseegen Ateliere besicht. No zwou Stonne goung eng impressionnant a fachkënneg geféiert Visitt op en Enn.