Action End Polio vum Rotary Club Diekirch-Ettelbruck

Den 20 ten an 21ten Oktober huet de Rotary Club Diekirch-Ettelbruck eng Aktioun fir End Polio Now zu Ettelbréck gemaach. 3000 Tulpenknollen a Rotary Wafelen goufen wärend den 2 Deeg verkaaft an um Maart virun der Ettelbrécker Kierch gouf et och eng Degustatioun vum Cremant deen de Club zu sengem 60ten Anniversaire unbidd.Den 2ten Dag gouf d'Aktioun am Centre Hospitalier du Nord fortgesat.

Insgesamt huet des Aktioun eisem Rotary Club et erlaabt e substanzielle Montant vun 3000 EUR fir de Polio Vaccinatiouns Programm vum Rotary ze sammelen.

Den EndPolio Programm ass ee weltwäite Programm vum Rotary dee säit 1988 besteet. Zanter deem goufen 3 Milliarden Kanner geimpft an esou 20 Milliounen Kannerlämungen evitéiert oder och an der Finalitéit 1,5 Millionen Kannerliewen gerett. D'Zil ass déi weltwäit Eradicatioun vun der Polio bis 2026 ze erreechen